Retour à tous les événements

S-TEAM Diplomiwwerreechung

Gratulatioun! De Schüler hiren Asaz am S-Team wärend dem Schouljoer 2022/2023 gouf mat der Iwwerreechung vun engem Diplom belount, déi Dënschdes de 17.10.2023 am Forum Geesseknäppche stattfonnt huet. Den Nordstad Lycée ass ee vun 13 Lycéeën, déi am Land un dësem Projet deelhuelen. Am NOSL waren d'lescht Schouljoer Schüler aus der Optioun Projectmanagement vun de GSO-Klassen a Schüler aus der respektiver Activité Parascolaire am S-Team engagéiert, dëst ënnert dem Encadrement vun der Mme Romy Morang. Sie hunn eng Formatioun an der Gewaltpreventioun gemaach an sech iwwert Ausféiere vu verschiddenen Projete fir e bessert Schoulklima agesat. Zudeem hunn si un engem nationalen Austauschtreffen deelgeholl an als Merci kruten se puer Aktivitéiten am Mariendall geschenkt.

Hinnen all e grousse Merci fir hiert Engagement.

Précédent
Précédent
16 octobre

Schüler aus dem NOSL erënneren un d’deportéiert Judden am Zweete Weltkrich

Suivant
Suivant
26 octobre

Studierees op Oświęcim