Retour à tous les événements

Studierees op Oświęcim


All Joer ëm d’Allerhellegevakanz organiséiert d’Associatioun « Témoins de la deuxième génération » eng Studierees fir Jonker op Oświęcim. Oświęcim ass eng Stiedchen a Polen, ronn 80 km vu Krakau ewech. Am 2. Weltkrich gouf dës Stad vun den däitsche Besatzer an Auschwitz ëmgenannt. D’Nazien hunn do 1940 een Konzentratiounslager erriicht, dat an deene Joren duerno zum gréisste Vernichtungslager (centre de mise à mort) ausgebaut gouf.

Dëst Joer ware fënnef Schüler vum Nordstad-Lycée bei dëser Studierees mat derbäi. Et waren dat d’Jill Hoffmann, d’Shana Kappweiler, den Amsal Ibrahimovic, de Joshua Mobley an de Rafael Thill. Si goufen encadréiert vun der Mme Bourggraff an dem Här Glod.

Wärend dëser Studierees, déi vum 26. Oktober bis den 31. Oktober gedauert huet, hunn déi fënnef NOSL-Studenten d’Stammlager Auschwitz (Auschwitz I), d’Vernichtungslager Birkenau (Auschwitz II) an d’Stad Krakau mat hirem jüddesche Véierel besicht. Donieft hunn sech d’Jill, d’Shana, den Amsal, de Joshua an de Rafael nach a verschidde Workshops ageschriwwen. Ënnerteneen an am Austausch mat hire Begleeder hunn déi fënnef NOSL-Studenten hir Andréck vun de Visitten diskutéiert. Hier Gedanken an Impressiounen hunn si a Wuert a Bild dokumentéiert.

Den 20. November hunn si hire Klassekomeroden an der Mme Mersch, als Vertriederin vun der Direktioun, dës Gedanken an Impressiounen an engem ganz beréierende Virtrag presentéiert.

Précédent
Précédent
17 octobre

S-TEAM Diplomiwwerreechung

Suivant
Suivant
6 novembre

Atelier zum Thema Mënscherechter