Retour à tous les événements

Schüler aus dem NOSL erënneren un d’deportéiert Judden am Zweete Weltkrich

De Méinden, de 16. Oktober hunn sech d’Schüler vun der 1GSO op d’ Stater Gare deplacéiert, fir un déi jonk Mënschen ze erënneren, déi de 16. Oktober 1941 mat dem Zuch Da3 an de Ghetto Litzmannstadt deportéiert goufen.

D’ Nazien haten 323 Judden vu Lëtzebuerg den Uerder ginn, mat enger Valis op d’ Gare ze kommen. Vun do goung et iwwert Tréier, wou nach 190 Judden aus der Tréierer Géigend dobäi koumen, a Richtung Litzmannstadt (Lodz) a Polen. Am Ghetto hunn si misse wéi Sklave schaffen a vill der goufe weider a Vernichtungslagere geschéckt, wou si ermuert goufen. Vun deene 513 Mënschen hunn der nëmme 14 d’ Shoa iwwerlieft. Vu villen weess ee mol net wéi a wou si gestuerwe sinn.

Fir déi Mënschen net ze vergiessen an hinnen ee Gesicht ze ginn, hunn d’ Schüler vun der Premiere aus dem NOSL an aus der Ecole privée Fieldgen déi perséinlech Geschicht vu sechs jonke Judde virgelies. Och mat engem Lidd a jiddescher Sproch an engem Gedicht hunn zwou Schülerinne vun der 4C op eng ganz ergräifend Manéier un des Affer erënnert. Den Héichpunkt vun der Zeremonie war d’ Doudegebied op Hebräesch, datt vum Lëtzebuerger Groussrabbiner Alain Nacache gehale gouf. Nieft eise Schüler hunn och Membere vun der jiddescher Communautéit  vu Lëtzebuerg an Tréier deelgeholl an och Vertrieder vum Zentrum fir politesch Bildung. Des Zeremonie gëtt all Joer gehalen am Kader vu „Grenzenlos gedenken“, enger däitsch-lëtzebuergescher Initiativ fir Erënnerung un d´Affer vun der Shoa.

Précédent
Précédent
11 octobre

Conférence interlycées “Afrique 2060”

Suivant
Suivant
17 octobre

S-TEAM Diplomiwwerreechung