Retour à tous les événements

Scheckiwwerreechung Projet “Art for all”

Am Kader vum Projet „Art for all!“ deen an der Optioun op der 1GSO am Schouljoer 2022/2023 duerchgefouert ginn ass, huet eise Lycée de 25. Oktober 2023 am Forum Geesseknäppchen den „LdE-Engagementspräis“ vum Zentrum fir politesch Bildung iwwerreecht krut. Dës Auszeechnung war mat engem Präis vu 450€ dotéiert. Vu dass déi Schülerinnen a Schüler aus dem NOSL déi mat um Projet geschafft hunn, net méi bei eis am Gebai sinn an de „De Park“ finanziell och op Spenden ugewisen ass, hu mir zesumme mat der Mme Sybille Plein (Konscht Enseignante a Coordinatrice vum Projet) entscheet hinnen dee Montant ze spenden.

Précédent
Précédent
21 février

Spillnomëtten

Suivant
Suivant
20 mars

Projet "Art for All"