Retour à tous les événements

Projet "Art for All"

An der Zäit vum 19. Januar bis den 1. Mäerz huet d'1GSO am Kader vun der Optioun Art for all ënner der Leedung vum Sybille Plein e Konschtprojet mat 9 Bewunnerinnen aus De Park (CHNP vun Ettelbréck) duerchgeféiert. All Freidegmëtteg hunn si sech an der Villa Karblumm getraff, fir zesumme kreativ ze sinn. Mat ganz ënnerschiddlechen Techniken hunn si 4 gemeinschaftlech Biller zu den Elementer Feier, Äerd, Waasser a Loft erstallt. Mir kënnen eise Schülerinne felicitéieren, well si hunn sech op den Austausch agelooss an de Projet zu enger wäertvoller mënschlecher Erfarung fir all di Bedeelegt gi gelooss.

Précédent
Précédent
15 mars

Scheckiwwerreechung Projet “Art for all”

Suivant
Suivant
23 mars

Relais pour la vie