Retour à tous les événements

Spillnomëtten

E Mëttwoch gouf an der Bibliothéik deen 1. Spillnomëtten organiséiert. Vun 15:00-17:30 Auer hunn hei eng 10 Schüler zesummen an och géintenee Gesellschaftsspiller gespillt. Ob Klassiker wéi “Mensch ärgere dich nicht” a “Rummikub”, oder och vläit manner bekannte Spiller wéi “Luxopolis” a “Fresko”: Et war fir Jiddereen eppes dobäi. Zum Schluss gouf an der grousser Ronn och nach “Loup garou” gespillt.

Alles an allem war et e gelongenen Nomëtten an den Datum fir den nächste Spillnomëtten steet och scho fest : de 05. Juni 2024 gëtt an der Bibliothéik nees gespillt.

Précédent
Précédent
12 janvier

Scheckiwwerreechung un d’Stroossenengelen

Suivant
Suivant
15 mars

Scheckiwwerreechung Projet “Art for all”