Retour à tous les événements

Relais pour la vie Trëppeltour

Am Kader vum Relais pour la Vie gouf e Samsden e flotten Trëppeltour duerch Dikrech organiséiert. D’Stëmmung war super, an et war schéin ze gesinn, wéi jidderee - Schüler, Enseignanten, Personal non-enseignant, d’Direktioun a Familljememberen - sech fir dës wichteg Saach engagéiert huet.
Parallel dozou huet d’Klass 7/6PF1 d'Associatioun ZAK! - Zesummen Aktiv! mat vill Motivatioun an Engagement an der Coque um Relais ënnerstëtzt. 💜
E grousse MERCI un all Participanten fir hiren Asaz an d’Ënnerstëtzung am Kampf géint de Kriibs

Hei fannt dir de Video mat Andréck vum Trëppeltour: https://vimeo.com/1176105722?fl=ip&fe=ec

Précédent
Précédent
13 mars

Ich erinnere mich an Auschwitz

Suivant
Suivant
23 mars

Foire fir nohalteg Entwecklung (BNE)