Retour à tous les événements

Ich erinnere mich an Auschwitz

E wichtege Moment an der Erënnerungsaarbecht war d’Opféierung leschte Freiden den 13. Mäerz: Zéng Schüler:innen hunn zesumme mam Christoph Hagenauer, hiren Enseignanten, der Madamm Bourggraff, dem Här Glod an der Madamm Spielmann eng zeenesch Gedenkrees mam Titel „Ich erinnere mich an Auschwitz“ opgefouert.

Ganz emotional – esou kéint een d’Stëmmung beschreiwen, déi no der Presentatioun bei jidderengem ze spiere war. Déi déifgräifend Andréck an d’Authentizitéit vun der Opféierung hu vill Leit beréiert an zum Nodenke bruecht.

Mat dësem Projet wollten d’Schüler:innen net nëmmen hir perséinlech Andréck vun der Visite op Auschwitz deelen, mee och aner Schüler:innen dozou beweegen, sech mat der Vergaangenheet ausernanerzesetzen. Gläichzäiteg gouf d’Fro no Verantwortung fir d’Zukunft bewosst an an de Mëttelpunkt gestallt.

Datt dës beweegend Initiativ iwwerhaapt realiséiert konnt ginn, ass net nëmmen dem groussen Engagement vun eise Schüler:innen, hiren Enseignanten an dem Christoph Hagenauer ze verdanken, mee och der wäertvoller Ënnerstëtzung vun der Oeuvre Nationale an den Témoins de la Deuxième Génération.

E grousse Merci geet och un den Här Henkes fir déi androcksvoll Fotoën!

Précédent
Précédent
12 mars

LASEL: Dëschtennis

Suivant
Suivant
25 avril

Porte Ouverte