Och dëst Joër war de NOSL rem op der Foire fir nohalteg Entwecklung (BNE) vertrueden, mat engem UNESCO Stand an och mam Projet "Schoul dobaussen" (classe 7C découverte). Zwee Projeten un deenen den NOSL deelhëlt, fir d’Nohaltegkeet an d’Schoulhaalen op ausserschouleschen Standuerten ze promouvéieren, an ze weisen, wéi aanscht Schoul gehaal ka gin.
Ee Moment fir e flotten Austausch mat neien Acteuren, deen et erlaabt nei innovativ Projeten ze entdecken an se an d’Schoul ze bréngen. An demselwechte Kontext ass déi nei Plattform vum Educatiounsministère an dem Coopératiounsministère EDUACT virgestallt ginn, eng Plattform, wou d’Enseignantë kënnen no neie Projete sichen an nei Acteuren an d’Schoul ranhuelen.