Retour à tous les événements
Sech erënneren heescht Verantwortung droen.
Am Kader vum Projet „Ich erinnere mich an Auschwitz“ hu Schüler:innen vum NOSL hir Andréck vun der Gedenkrees op Auschwitz-Birkenau aus dem Joer 2025 kreativ verschafft.
Zesumme mam Schauspiller a Regisseur Christoph Lukas Hagenauer ass e beweegende Projet entstanen, deen Erënnerung, Reflexioun a Verantwortung fir d’Zukunft an de Mëttelpunkt stellt.
D’Première vum Projet ass dëse Freideg 13. Mäerz 2026 am Nordstad-Lycée.
E grousse Merci un d'Oeuvre Nationale an un d'Associatioun Témoins de la 2ème Génération, déi dësen Projet ënnerstëtzt hunn.