Retour à tous les événements
D'Theorie an d'Praxis ëmsetzen; dëst war d'Zil vun eisem Workshop ob eisen Ofschlossklasse vun der DAP Educatioun.
Am Kader vun hirem Hauswirtschaftscours konnten si praktesch erliewen, wat et bedeit, no de lëtzebuergeschen Hygiènesreegelen an dem HACCP Konzept, Iesse fir 250 Kanner virzebereeden an am Uschloss och erëm alles propper ze hannerloossen.
Ee risege Merci geet un de Yannou Maquil a seng ganz Kichenequipe fir hiren Asaz an Engagement.
Ee risege Merci och un d'Maison Relais vun Dikrech, déi eis ëmmer d'Méiglechkeet bitt, de Schüler hir Aarbechtswelt méi no ze bréngen.