Retour à tous les événements

Ausstellung “Eau circulaire”

Bei eis am NOSL ass, unhand vu Workshops, d’Ausstellung zum Waasserkreeslaf ageweit ginn.
D’Schüler konnte beim Waasserschmaachen den Ënnerscheed zwëscht Krunnewaasser a Fläschewaasser testen an och d’Präisdifferenz ausrechnen. 
Déi Jonk sensibiliséieren, datt eist Waasser eng rar Ressource ass, gehéiert zu den Ziler vun enger nohalteger Bildung, wat eent vun den Ziler vun den UNESCO Schoulen ass.
Merci all den Enseignanten, déi bei engem « Train the Trainer » vun der AGE-Administration de la gestion de l’eau, deelgeholl hunn, fir de Schüler dës Ausstellung méi no ze bréngen. Dës Ausstellung kann ee bis virun der Ouschtervakanz am NOSL kucke kommen.

Précédent
Précédent
26 février

Ateliere ronderëm d’Thema Migratioun vun der UNI.lu

Suivant
Suivant
25 avril

Porte Ouverte