Retour à tous les événements

Ausstellung "Lëtzebuerger Sproochen"

Am Kader vun eisem Projet d’établissement “Meng Kultur, deng Kultur, eis Kultur” ass am Moment déi interaktiv Ausstellung “Lëtzebuerger Sproochen” vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch - ZLS bei eis am NOSL ausgestallt.

D’Ausstellung presentéiert déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg a befaasst sech mat den Themaen: Méisproochegkeet, sproochlech Varietéiten, Geschicht, Sproochwandel a Lëtzebuergesch an der Literatur an an de Medien.

Gëschter war den Optakt vun der Ausstellung mat engem flotte Vernissage. Unhand vun audiovisuellem Material an och engem interessante Rallye kënnen eis Schüler nach bis den 20. Mäerz un dëser Expo deelhuelen.

Précédent
Précédent
10 mars

Ich erinnere mich an Auschwitz

Suivant
Suivant
25 avril

Porte Ouverte