Retour à tous les événements

1. Dag vun der Nohaltegkeet

D'lescht Woch huet den 1. Dag vun der Nohaltegkeet am Nordstad‑Lycée stattfonnt bei deem iwwer 100 Schüler:innen deelgeholl hunn. 9 interaktiv Atelieren hunn Theme behandelt wéi: Den Assistenzhond (ASA.asbl), Liewe mat enger Séihbeanträchtegung (CDV), Kannerrechter a Klimawandel (Kindernothilfe Lëtzebuerg), d’Welt vun de Restmaterialien (Formida-Arcus), Klimakompass (solar@school), Mineralien a kënschtlech Intelligenz (partage.lu), Bientraitance (bientraitance.asbl), Häuslech Gewalt, an de Klimawandel am Bangladesch (Friendship). D’Intervenanten hunn duerch Demonstratioune, Diskussiounen an Aktivitéiten d’Schüler:innen sensibiliséiert. D’Atelieren hu praktesch Aarbechten a kreative Methoden agebonne fir Handlungsméiglechkeeten ze weisen. Den Dag huet d’Bewosstsi gestäerkt an d’Schüler:innen motivéiert, kleng Schrëtt fir méi Nohaltegkeet ze huelen. 

Précédent
Précédent
29 juin

5P: Klassenausfluch

Suivant
Suivant
6 juillet

7C Découverte: Klassenausfluch op Buerglënster