Retour à tous les événements
D’5P-Klasse ware leschten Donneschdeg a Freideg um Ausfluch.
Als éischte Stopp sinn si an d’Schwämm op Beefort gefuer. Wéinst der Hëtzewell war dat eng besonnesch wëllkomm Ofkillung, an déi Jonk hu sech richteg ameséiert.
Duerno sinn si mam Bus an d’Jugendherberg op Bollendorf gefuer, wou si trotz den héijen Temperaturen e gemittlechen Owend zesumme verbruecht hunn.
D’Schüler:innen hunn déi gemeinsam Zäit genoss an domat hir dräi Joer am « cycle inférieur » op eng flott Aart a Weis ofgeschloss. Mir wënschen hinnen alleguer vill Gléck, Erfolleg an alles Guddes fir hir Zukunft op der nächster Etapp vun hirem Wee.