Retour à tous les événements

Feierlechen Ofschloss fir eis 1GSO- an CCP/DAP-Klassen

Den 3. Juli hu mir zesumme mat der 1GSO an den Ofschlossklasse vum CCP/DAP an der Aler Seeërei d'Enn vun hirer Schoulzäit am Nordstad-Lycée gefeiert.

D'Madamm Martine Molitor, Premier Conseiller de Gouvernement, huet an hirer Ried betount, datt hannert all Diplom eng Geschicht steet, an déi Jonk encouragéiert, mat Courage a Vertrauen an sech selwer hiert nächst Kapitel am Liewen unzegoen.Den Owend war gepräägt vu villen emotionale Momenter – vum musikalesche Programm bis hin zu de perséinleche Riede vun de Schüler an hire Regenten. Besonnesch schéin war et ze héieren, datt eis Schüler net nëmme fachlecht Wësse mat op de Wee kréien, mee och wäertvoll mënschlech Qualitéiten entwéckelt hunn.

Mir sinn houfreg op dës jonk Leit, déi wärend hirer Zäit am Nordstad-Lycée net nëmme schoulesch, mee och perséinlech gewuess sinn.

Précédent
Précédent
3 juillet

1. Dag vun der Nohaltegkeet

Suivant
Suivant
6 juillet

7C Découverte: Klassenausfluch op Buerglënster