Retour à tous les événements

DP2ED: Ausfluch an d'Phantasialand

No engem ustrengenden an ereegnesräiche Schouljoer hunn sech d'Schüler:inne vun der DP2ED zesumme mat hirer Regente Mme Petry an dem Här Susitchii e flotte gemeinsamen Dag am Phantasialand gegënnt.

Tëscht spannenden Attraktiounen, villem Laachen a flotte Gespréicher konnten si de Schoulalldag fir e puer Stonnen hannert sech loossen an nach eng Kéier schéi Momenter als Klass deelen. Dës Sortie war eng flott Geleeënheet, fir den Zesummenhalt an der Klass ze stäerken an d'Schouljoer op eng entspaant a frëndlech Aart ofzeschléissen.

Précédent
Précédent
6 juillet

7C Découverte: Klassenausfluch op Buerglënster