Retour à tous les événements

5AD1/5AD2/5ADF: Klassenausfluch op Durbuy

Ee Méindeg, 6.7, sinn d’Schüler vun der 5AD1, 5AD2 an 5ADF op Durbuy an den Adventure Valley gefuer. No engem ustrengende Schouljoer war dësen Dag ee flotten Ofschloss fir jiddereen. Sief et mam Kayak oder soss bei all méiglech Aktivitéite konnten d’Schüler sech austoben an een onvergiesslechen Dag genéissen. Mir wënschen all Schüler nëmmen dat Bescht fir d’Zukunft a géifen eis freeën Iech eng Kéier am Nordstad Lycée rëmzegesinn.

Précédent
Précédent
6 juillet

7C Découverte: Klassenausfluch op Buerglënster

Suivant
Suivant
8 juillet

DP2ED: Ausfluch an d'Phantasialand