Retour à tous les événements
Ënnert dem Motto "Demokratie und Freiheit im Wandel der Geschichte" hunn d'Schüler vun der 5G1 eng Studierees op Berlin gemaach. Hei konnten si unhand vu Féierungen, Workshoppen a Monumenter souwuel déi däitsch Nokrichszäitgeschicht ewéi och d'Kultur kennen a verstoe léieren. Um Programm stounge souwuel de Reichstag, d'Brandenburger Tor an d'Holocaust-Mahnmal, ewéi och d'Gedenkstätt Hohenschönhausen an de Futurium. Och op kultureller a kulinarescher Säit, haten d'Schüler hire Spaass, dëst um Musiksfestival a beim Currywurstiessen. Alles an allem fënnef léierräich, sonneg a spaasseg Deeg zu Berlin.