Retour à tous les événements

Art for All

Och dëst Joer hunn d’Schüler:innen vun der 1GSO zesumme mat hirem Konscht-Enseignant, dem Här Marinho, an de Bewunner souwéi de Responsabele vum “De Park” (CHNP) zu Ettelbréck de Projet „Art for all“ ëmgesat.

Am Kader vun dësem inklusive Projet hunn d'Schüler:innen an d'Bewunner wärend e puer Wochen a klenge Gruppen kreativ zesummegeschafft an hir Iddien a Konschtwierker ëmgesat. Dobäi si ganz flott a faarweg Wierker entstanen, déi sech mam Thema vun de Joreszäiten auserneesetzen. 

Den Ofschloss vum Projet gouf mat enger Ausstellung vun dëse Konschtwierker am NOSL gefeiert.

Précédent
Précédent
20 avril

Dag vum Buch

Suivant
Suivant
25 avril

Porte Ouverte