Och dëst Joer feiere mir am Nordstad-Lycée d’Journée du livre et du droit d’auteur 📖, déi ënnert dem Patronage vun der UNESCO steet.
Fir déi dësjäreg Editioun, déi och Deel vun eisem Projet d’établissement “Meng Kultur, deng Kultur, eis Kultur” ass, hu mir déi grouss Éier, dräi lëtzebuergesch Schrëftsteller bei eis am Lycée begréissen ze dierfen.
Den Ufank mécht haut de Roland Meyer, deen de Schüler:innen aus dem cycle inférieur aus sengem Wierk „Betty. Die Geschichte eines jüdischen Mädchens“ erziele wäert. De Mil Goerens wäert säi Wëssen iwwert lëtzebuergesch Soe mat eise Schüler:innen deelen. Zum Ofschloss gëtt och de Guy Helminger de Schüler:innen aus dem cycle supérieur en Abléck a seng Literatur a säi Schaffen.
Mir si gespaant a freeën eis op dësen interessanten Austausch!
Retour à tous les événements