Retour à tous les événements
D’Klass 7C Découverte huet ee flotten an ofwiesslungsräichen Dag zu Lëltz verbruecht.
Bei schéinem Wieder haten d’Schüler:innen d’Méiglechkeet, nei Erfarungen ze sammelen an zesummen aktiv ze sinn. Beim Klammen hu si Motivatioun a Courage gewisen an och mol hir eege Grenzen entdeckt an deelweis iwwerwonnen. A klenge Gruppen hu si zousätzlech un engem Geocaching deelgeholl. Mat Hëllef vun engem GPS hu si missen zesumme schaffen an hir Orientéirungsfäegkeeten ënner Beweis stellen, fir déi verstoppten Ziler ze fannen. Dës Aktivitéiten hu vill Spaass gemaach an den Teamgeescht gefërdert.