Retour à tous les événements

7C: Geocaching-Abenteuer zu Lëlz!

E Mëttwoch huet sech d'7C Découverte op de Wee op Lëlz gemaach, wou en Dag voller Abenteuer, Teamgeescht a Spaass um Programm stoung.

Moies goung et mat enger spannender Geocaching-Sich ronderëm d'Base nautique lass. Dobäi waren Orientéierungssënn, Geschécklechkeet an eng gutt Zesummenaarbecht gefrot.

Mëttes gouf d'Schatzsich dunn op d'Waasser verluecht. Verdeelt op zwee Kanadier hunn d'Schüler:innen hiert Wëssen an hiert Geschéck ënner Beweis gestallt, fir och um Stauséi déi richteg Geocaching-Punkten ze fannen.

Duerch dës Aktivitéit konnte si d'Natur op eng spilleresch Manéier entdecken a gläichzäiteg hir Fäegkeeten an der Orientéierung, der Kommunikatioun an der Teamaarbecht stäerken.

Bei herrlechem Wieder, mat vill Beweegung a gudder Laun gouf dësen Ausfluch zu engem flotte gemeinsamen Erliefnis ausserhalb vum Klassesall!

Précédent
Précédent
24 octobre

Eis Volontairen am Asaz beim Paralympicsdag

Suivant
Suivant
6 novembre

4GSO: Zesumme fir d'Klima „Écoles connectées“