Retour à tous les événements

4GSO: Zesumme fir d'Klima „Écoles connectées“

Enn Oktober ass d'4GSO vum Nordstad-Lycée mat vill Motivatioun an de Projet „Écoles connectées“ vun der ONG Friendship gestart.

Eis Schüler dréinen hiren eegene Video, fir sech bei hirer Partnerschoul am Bangladesch virzestellen. Eng éischt flott Geleeënheet, fir sech kennenzeléieren an eng Bréck tëscht zwou verschiddene Liewenswelten ze bauen.

Mee de Projet geet nach méi wäit: Eis Schüler setze sech mat den Auswierkunge vum Klimawandel auserneen. An enger Videokonferenz wäerte si sech mat Schüler aus dem Norde vum Bangladesch austauschen an aus éischter Hand gewuer ginn, wéi d'Äerderwiermung hiert Liewe beaflosst.

Verschidde Liewensrealitéiten, eng gemeinsam Zukunft! Duerch dëse Projet léieren eis Schüler, iwwer den eegenen Horizont erauszekucken, aner Perspektiven ze verstoen an ze erkennen, datt de Klimawandel eis all eppes ugeet.

Précédent
Précédent
22 octobre

Eis Futtballer am Asaz beim LASEL-Tournoi