Retour à tous les événements

Eis Volontairen am Asaz beim Paralympicsdag

Sport, Engagement an Inklusioun stoungen am Mëttelpunkt vum Paralympicsdag am Rehazenter, bei deem och eis Schüler:innen vum Nordstad-Lycée als Volontairen am Asaz waren.

Als eng vun de jéngste Gruppe vu Volontairen hunn eis Schüler:innen mat hirer Motivatioun an hirem Engagement zum Erfolleg vun dësem Dag bäigedroen.

Nieft hirem Asaz hate si och d'Geleeënheet, sech mat den Erausfuerderunge vu Mënsche mat enger Beanträchtegung auserneenzesetzen, nei Perspektiven ze entdecken an hiert Bewosstsinn fir d'Wichtegkeet vun der Inklusioun ze stäerken.

Och sportlech konnten eis Schüler:innen sech bei der Challenge „Beat the Beast“ beweisen. E besonnesche Bravo geet un d'Maria-Julia aus der DP1IC, déi sech déi éischt Plaz geséchert huet!

D'Participatioun um Paralympicsdag weist, datt Léieren net nëmmen am Klassesall stattfënnt. Esou Erfarunge fërderen den Teamgeescht, d'Empathie an de géigesäitege Respekt – Wäerter, déi och am Schoulalldag vum Nordstad-Lycée eng wichteg Roll spillen.

E grousse Merci un all eis engagéiert Schüler:innen fir hiren Asaz!

Précédent
Précédent
22 octobre

Eis Futtballer am Asaz beim LASEL-Tournoi

Suivant
Suivant
28 octobre

7C: Geocaching-Abenteuer zu Lëlz!