Retour à tous les événements

Remise des diplômes

De 5. Juli 2022 hat eise Lycée di grouss Éier d’Diplomer un seng éischt Ofschloss Klass vum Enseignement secondaire général ze iwwerreechen, an zwar un d‘1GSO. Et hunn eis mat Hirer Präsenz geéiert: d’Mme Marielle Bruck, Commissaire du Gouvernement an Vertrieder vum Ministère de l’Education nationale de l’Enfance et de la Jeunesse, den H. Georges Kayser, Direkter vun der Ecole Privée Sainte Anne, d’Mme Mia Aouadi, Directrice adjointe vun der Ecole d’hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg, den H. Gérard Roettgers, Directeur régional de l’enseignement fondamental vun Diekirch, den H. Francis Schartz an den H. Jean-Claude Havé, Directeurs honoraires vum Nordstad-Lycée an eng Rei Anciens vum NOSL.

Vun 11 Schüler hunn et der 7 direkt gepackt (wat een Taux de réussite vun 64% entsprëcht), 3 Schüler schreiwen nach een Noexamen am September an e Schüler probéiert et nächst Joer nach eng Kéier. Mir wënschen och deene Schüler ganz vill Erfolleg.

Eis Lauréaten sinn :

Kathlyn BENTO LOUREIRO

Jil DAEMS

Luca DRATWICZKI

Pôl KLARES

Bob STEINS

Almina RASTODER

Gil WILDANGER

Eis Primaner, hir Régente, Mme Reichert an hiren Enseignant, den H. Witkowsky hunn sech während hirer Ried mat vill Emotiounen un d’Leit geriicht. Eis Schülerband (Mara, Mia an Max Ligbado an Ivan Fasano) begleet vum H. Henkes, Museksproff, hunn fir ee flotten musikaleschen Encadrement gesuergt an den H. Glod, Enseignant aus dem Nordstad-Lycée, huet eis duerch den Owend geleet.

Mir sinn ganz frou datt mir eis Primaner bis zum Schluss konnten begleeden an dës wichteg Etapp vun hirem Liewen mat hinnen konnten feieren. Mir wënschen hinen alles Guddes fir hir Zukunft.

Précédent
Précédent
4 mai

Concours littéraire

Suivant
Suivant
12 juillet

Tri de Luxe, wat ass dat ?