Projet Young & Strong 2024-2025 - Léieren sech ze verteidegen an dobäi Spaass hunn! 😄🥋
Dëst Joer haten néng 7e-Schüler d’Geleeënheet um Projet Young & Strong deelzehuelen.
Dëse Self-Defense-Cours gouf no der Ouschtervakanz vum Nordstad-Lycée, dem Lycée Classique de Dikrech, der Police Grand-Ducale an dem Self-Defense-Club vun der Police organiséiert. Tëscht dem 22. Abrëll a dem 20. Mee 2025 hu mir eis all Dënschden nomëttes vun 15 bis 17 Auer mat Self-Defense-Techniken beschäftegt.
D’Schüler hu spannend Grëffer geléiert, fir sech am Alldag kënnen ze verteidegen – an dat an enger relaxer a frëndlecher Ambiance. Et gouf vill Aktioun, vill Laachen, vill Beweegung a wuel och e bëssen Schweess a Muskelkater 😄.
Zum Schluss krut jidderee bei der Diplomiwwerreechung säi verdéngte Certificat – als Belounung fir säin Engagement a seng Motivatioun 🏅!
Eng super Erfarung – nëtzlech a gläichzäiteg richteg cool! Mir kënnen et deenen nächste 7e Schüler nëmme wärmstens weiderempfeelen. Kuckt iech d’Fotoen un… déi schwätze fir sech!
An nach eng Kéier ee grousse Merci un d’SePAS-Ekipp fir d’Begleedung vun eise Schüler a fir hir Paparazzi-Aarbecht!