Mir, d’Schüler vun der Optioun „Nohalteg Entwécklung/Bangladesch“ waren de 7. Mee zu Eschduerf bei der Sebes. D’Sebes ass d’Syndicat des eaux du barrage d’Esch-sur-Sûre, dat heescht si botze Flosswasser fir dass mir dëst drénke kennen. Den Eric Wulff vun der Sebes huet eis all Prozesser erkläert, déi néideg si fir d’Waasser drénkbar ze maachen. Waasser vun der Sebes ass dat Waasser, wat mir kréie, wa mir de Krunn opdréinen. Dat heescht wat mir an de Fläsche kafen, ass net vun der Sebes!