Retour à tous les événements

Optioun Bangladesch: 1. Live Session

Haut hunn d’Schüler vun der Optioun Bangladesch deen 1. Live Videocall mat der Partnerklass am Bangladesch gemaach.

Dobäi goufen interessant Informatiounen zu den Ënnerscheeder tëscht deenen 2 Länner ausgetosch, wéi d’Liewen hei a bei hinnen ofleeft, wéi ënnerschiddlech de Schoulsystem funktionéiert an datt si z.B. mam Boot an d’Schoul kommen.

Dësen Austausch ass den 1. Deel a wäert am Abrëll eng 2. Kéier stattfannen an am Summer mat enger flotter Aktivitéit ronderëm de Klimawandel den Ofschloss fir dëst Joer sinn. Bei dëser Aktivitéit steet den interkulturellen Austausch an den d’Sensibiliséierung zum Thema Klimawandel am Fokus.

Précédent
Précédent
12 février

De Schülercomité op Visite an der Chamber

Suivant
Suivant
25 avril

Porte Ouverte