Gëschter hu mir als Schülercomité un engem Atelier vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) #mengChamber deelgeholl.
Moies hu mir a klenge Gruppen eis eege „Partei“ gegrënnt. Mir hunn e Logo entworf, prioritär Theme fir eist Land festgeluecht an Iddien ausgeschafft, wéi mir dës konkret kéinte verbesseren oder ëmsetzen. Dobäi stoung Kreativitéit, Teamaarbecht a kritescht Denken am Mëttelpunkt.
Mëttes hate mir d’Méiglechkeet, eis Froen un eng Deputéiert ze stellen an direkt mat hir an den Austausch ze goen. Als Ofschloss konnte mir nach eng ëffentlech Sëtzung an der Chamber besichen an esou d’parlamentaresch Aarbecht live erliewen.
No der Sëtzung hu mir nach eise Premierminister Luc Frieden an eise Finanzminister Gilles Roth virun der Chamber begéint an eng Foto gemaach.
Et war eng flott a léierräich Erfarung!