Retour à tous les événements

NOSL meets ZAK!

E Samschdeg, den 13. Juni 2026 hu bei guddem Wieder um Stadion zu Dikrech eng ronn 60 Schüler zesumme mat ganz villen Enseignanten, Membere vum Personal, Memberen aus dem Elterecomité an der Direktioun bei “Nosl meets Zak!” matgemaach.
Nom Warm-Up mat TôsôX hunn eis Schüler zesumme mat Sportler vun der ASBL “Zak! Zesummen Aktiv” 12 Statiounen, bei deenen d’Zesummeschaffen an der Equipe an de Spaass am Vierdergrond stoungen, gemeeschtert.
Um Schluss kruten déi 3 bescht Equippen esou wéi déi zwou Kannerequippen e klénge Präis.

Et war en Dag voller Freed a Fairplay.

Natierlech ass esou en Dag nëmmen ze organiséieren, wa vill Leit eng Hand mat upaken. 
Dëst Joer krute mir bei der Organisatioun vun de Spiller Ënnerstëtzung vun enger Ofschlossklass aus dem LTPES vu Miersch.
Mir soen all Eenzelen, deen zum Gelénge vun dësem Dag bäigedroen huet, e ganz grousse MERCI.

Bis nächst Joer,

Nicole Mersch a Laurence Kirchen

Précédent
Précédent
9 juin

BNE Awards