Retour à tous les événements

BNE Awards

Zwou vu 24 Kandidature fir d'BNE Awards koumen aus dem Nordstad Lycée

D'Optioun GSO "Nohaltegkeet" huet en Escape Game zum Thema Klimawandel am Bangladesch entwéckelt fir d'Schüler iwwert d'Ännerunge vun eisem Klima ze sensibiliséieren. 

D'Optioun GSO "Setz dech an" huet e Kleedertosch organiséiert, ënnert dem Motto "Keefs de nach oder tauschs de schonn?". Si hunn esou d'Schüler motivéiert Kleeder, déi si net méi wëllen, ob d'Rees ze schécken. Sou maachen se aner Läit eng Freed, den Offall bleift méi kleng a Ressourcë gi gespuert. 

MERCI den engagéierte Schüler:innen fir hiren Asaz, weider sou! 

Précédent
Précédent
8 juin

4GSO: Fresque du climat