Retour à tous les événements

DP3ED1: Inklusioun

Eist drëtt Joer DAP-ÉDUCATION huet sech dëse Mount intensiv mat dem Thema Inklusioun beschäftegt.

Dobäi ass de Schüler opgefall, dass et zu Lëtzebuerg zwar vill Chancë ginn, fir Inklusioun ëmzesetzen, mee och Grenzen, déi am Alldag net ëmmer einfach ze iwwerwanne sinn.

Fir déi Froen ze klären, hu mir zwou Fachpersounen aus der Maison Relais Dikrech invitéiert, déi Inklusioun am Betreiungsalldag aktiv liewen.

Dësen Austausch war e grousse Succès: d’Schüler:innen konnte konkret gesinn, wéi Inklusioun praktesch um Terrain ëmgesat gëtt. E grousse Merci un d’Maison Relais Dikrech an un @arcusasbl fir de wäertvolle Besuch a fir déi oppe Gespréicher.

Précédent
Précédent
11 décembre

4C: Thema Iwwerbevëlkerung

Suivant
Suivant
12 décembre

DP1IC1: Workshop Inklusioun