Retour à tous les événements
Eist éischt Joer DAP Inklusioun huet um Ufank vum Schouljoer seng éischt Erfarunge gemaach, fir sech an d’Liewenswelt vu Mënsche mat enger Beanträchtegung eran ze versetzen.
Duerch dës Aktivitéite kruten d’Schüler en éischte konkrete Bléck drop, wéi et ass, mat Mënsche mat enger Beanträchtegung ze schaffen.
An engem Workshop zum Thema „selbststänneg liewen“ an „den Haushalt organiséieren“, hunn si um eegene Kierper gespiert, wou am Alldag Schwieregkeete kënnen optrieden.