Retour à tous les événements

DP1ED an DP1IC: Teambuilding am Mariendall

Fir eis Schüler:innen aus de Klassen DP1ED an DP1IC stoung en Dag am Mariendall ganz am Zeeche vum Teamgeescht, Courage a géigesäitegem Vertrauen.

Bei spannenden Team-Challengen an Aktivitéiten an der Héicht waren net nëmme Geschécklechkeet a Courage gefrot, mee och Zesummenhalt a géigesäiteg Ënnerstëtzung. Eis Schüler:innen hunn hir eege Grenze getest, nei Erausfuerderungen ugeholl a gewisen, datt ee gemeinsam méi erreeche kann.

Nieft der Beweegung an dem Spaass stoung och d'Fërderung vu soziale Kompetenzen am Mëttelpunkt. Duerch déi gemeinsam Aktivitéite konnten d'Schüler:innen sech besser kenneléieren, Vertrauen opbauen an de Klassezesummenhalt stäerken.

D'Fäegkeet, am Team ze schaffen, Verantwortung ze iwwerhuelen an aner Mënschen ze ënnerstëtzen, ass net nëmme fir de Schoulalldag, mee och fir dat spéidert Beruffsliewe vu grousser Bedeitung.

E grousse Merci un d'Ekipp vum SNJ Mariendall fir dësen erliefnesräichen Dag!

Précédent
Précédent
6 novembre

4GSO: Zesumme fir d'Klima „Écoles connectées“

Suivant
Suivant
17 novembre

5PF2: face aux dangers du vapotage