Retour à tous les événements

DC2IC: op Besuch am Centre auditif

Ufank November hunn d'Schüler:innen vun der DC2IC (DAP Inclusioun) de Centre auditif zu Ettelbréck besicht, fir hiert Wëssen duerch praktesch Ablécker ze verdéiwen.

Am Kader vun dëser Visitt hu si geléiert, wéi een en Hörapparat richteg undeet a fleegt. Dës Kompetenze si wichteg, fir spéider Mënsche mat enger Héierbeanträchtegung am Alldag beschtméiglech ze begleeden an ze ënnerstëtzen.

De Besuch huet eisen Schüler:innen d'Méiglechkeet gebueden, eng Verbindung tëscht den theoreeteschen Inhalter aus dem Unterrecht an der berufflecher Praxis hierzestellen.

Esou Aktivitéite sinn e wäertvollen Deel vun der Formatioun, well se net nëmme fachlech Kompetenze fërderen, mee och fir déi individuell Besoine vu Mënsche mat enger Beanträchtegung sensibiliséieren.

Eng léierräich Erfarung fir eis zukünfteg Fachleit an der Inklusioun!

Précédent
Précédent
6 novembre

4GSO: Zesumme fir d'Klima „Écoles connectées“

Suivant
Suivant
17 novembre

5PF2: face aux dangers du vapotage