Retour à tous les événements

UNESCO-Projet « What’s your story » mam CNA

Iwwer dat läscht ganzt Joer war den #CNA bei eis an der Schoul aktiv an huet mat de Schüler vun de Klasse 7PF1, 6P3, 6P2 a 5PF1 eng Rees an d’kollektiv Memoire vun den eenzelne Schüler gemaach. Et war fir d’Schüler wéi och fir hier Enseignanten d’Mme Beckené, d’Mme Bodem, d’Mme Mathieu an d’Mme Do Rio eng interessant Erfarung, hier Schüler vun enger ganz anerer Säit kennen ze léieren. 

Zesumme mam CNA sinn d’Hannergrënn vun hirer perséinlecher a familiärer Geschicht opgeschafft ginn. D’Resultat ass eng impressionant Ausstellung kombinéiert mat Temoignagen am Audio-Format, wou all eenzele Jonken seng Geschicht erzielt huet. De Projet dréit den Zieler vun der Educatioun an der Kultur Rechnung an deckt soumadder dës 2 Volete vun den UNESCO-Zieler. 

De Schüler an den Enseignanten, déi sech fir dëse Initiativ engagéiert hunn en décke Merci !

Précédent
Précédent
24 juin

Visite SEBES : Waasser ass Liewen

Suivant
Suivant
26 juin

4C Visite Militärmusée