Retour à tous les événements

Theatervirstellung vum TNL Jugendclub

Den 12 November 2025 waren d’Klasse 5P1 a 5P2 an der Stat am Théâtre de Luxembourg  op enger Virstellung vum TNL Jugendclub.

Dëse Grupp besteet aus jonken tëschent 12 an 19 Joer an d’Thema vum Stéck mam Numm « 8:23 », wat si selwer geschriwwen an opgefouert hunn, war de Mobbing an der Schoul . D’Acteuren hunn op eng ganz realistesch, awer kreativ Aart a Weis den Impakt vun Harcèlement a Mobbing, um Beispill vun der Protagonistin Zoé , sichtbar gemaach.

Et war en Theaterstéck wat eis Schüler speziell beréiert huet, well si sech mam Thema wéi och mat de gläichaltregen Acteure gutt konnten identifizéieren. No der Virféierung konnten d’Schüler sech an engem flotten After-Talk mat de Verantwortlechen, de Schauspiller a Representantë vum CEPAS austauschen.

Précédent
Précédent
31 octobre

Semaine de la démocratie

Suivant
Suivant
20 novembre

LASEL Basketball