Retour à tous les événements
Mir als Optioun Nohalteg Entwécklung a Bangladesch krute leschte Mëttwoch am NOSL Besuch vu 4 Schüler aus dem Bangladesch mat hirem Proff. Si waren hei fir eis, eis Schoul an eise Projet „Ici commence l‘océan“ kennenzeléieren.
Iwwregens hu mir hinnen eise Projet Bangladesch erkläert an hinnen eis Aktivitéite vun dësem Joer opgezielt. Mir hunn zesummen op Gullisdeckelen mat Graffiti Spray dëse Sproch: „Ocean starts here“ dropgesprayt. Dëst hu mir gemaach fir eis Schüler op d’Verschmotzung vun den Ozeaner opmierksam ze maachen.
Duerno hu mir eis am Gaart vum NOSL besser kennegeléiert an d‘Schüler aus dem Bangladesch hunn eis Nimm op Bangla iwwersat.