Retour à tous les événements

Summerfest

De 7. Juli hu mir am NOSL eist Schouljoer mat engem Summerfest ofgeschloss, an dat am Kader vun eisem Projet d'établissement "Meng Kultur, deng Kultur, eis Kultur"

Méi wéi 580 Schüler hunn u 36 Atelieren deelgeholl, dorënner kreativ a sportlech Aktivitéiten – vun Upcycling-Coasters bis Krav Maga, vun Insektenhoteller bauen bis Escape-Room, vu Beachvolleyball bis Theater, Zirkus, Vikingerschach, SeedBombs, a villes méi. Trotz där eng oder anerer Dusch vun uewen , war d’Stëmmung gutt an eis Schüler hu mat Begeeschterung matgemaach – Zesummenhalt, Freed a Beweegung stoungen dësen Dag am Mëttelpunkt!

Am Nomëtten goufen dunn an der Aler Seeërei d’Diplomer un eis élèves méritants verginn – Bravo  fir hire Fläiss, Asaz an Engagement! En absolutten Highlight waren eis Schüleroptrëtter : d’Schüler déi dëst Joer um Hip Hop Marathon deelgeholl hunn, hu mat hirem Optrëtt - e Mix aus Danz, Beats a Rhythmus - fir déi richteg Stëmmung gesuergt. Och eis Schüler déi dëst Joer Djembé an Capoeira geléiert hunn, hu gewisen, wéi vill Talent a Passioun an hinne stécht!

E grousse Merci fir dësen Dag geet un:

  • eis engagéiert Enseignanten a Personal, déi dësen Dag erméiglecht hunn

  • déi extern Veräiner an Organisatiounen, déi eis ënnerstëtzt hunn (Bsp. Naturverwaltung, Natur an Ëmwelt, ...),

  • eis Schüler, déi och selwer Atelieren encadréiert hunn

  • an natierlech all eise Schüler fir d’Matmaachen! 

E puer Impressiounen vu dësem gelongene Summerfest fannt dir ➜ hei!

Précédent
Précédent
2 juillet

Diplomiwwerreechung