Retour à tous les événements

Schoulausflich


Déi lescht Deeg waren vill vun eise Schüler mat hire Klassen ënnerwee fir d’Welt emol ausserhalb vum Klassesall ze entdecken, ze léieren a gemeinsam Erfarungen ze maachen.

  • D’7G2 war zesumme mat hiren Enseignanten Mme Casini a M. Marinho op d'Äispist op d'Kockelscheier. E puer waren hei ganz elegant ënnerwee, e puer… naja… méi kreativ😅 – mee Jidderee war mat vill Freed dobäi!

  • D’7C war op de Belval d’Héichiewe kucken an Nomëttes een Atelier iwwer kënschtlech Intelligenz an de Scienteens Lab maachen.

  • D’4C huet et no 2 Joer spueren a schaffen endlech op Roum gepackt. Vum 1te bis de 4te Juli hu si Roum an all senger Pracht entdeckt: vum Colosseum  an de Foro Romano iwwer de Kapitol, souwuel wéi de Vatikan an d'Fontana di Trevi. Si sinn all Dag kilometerwäit an der Hëtzt getrëppelt fir schlussendlech schéi Momenter mat der Klass ze erliewen. Dës Rees war fir si ee perfekten Ofschloss fir hir Carrière am NOSL.

  • Eis zwou 4GT2S Klassen waren op en Ausfluch an d'Stad. Si hunn do eng Visite guidée gemaach fir méi iwwer d'Geschicht vun der Stad gewuer ze ginn, éier si och nach d'Kasematte besicht hunn.

Dës Ausflich sinn méi wéi just eng Paus vum Schoulalldag – si stäerken den Zesummenhalt, de Virwëtz an d’Freed um Entdecken.

Précédent
Précédent
26 juin

4C Visite Militärmusée

Suivant
Suivant
2 juillet

Diplomiwwerreechung