Och dëst Schouljoer konnten 11 Schüler aus de 7e-Klassen um Projet Young & Strong deelhuelen !
De Self-Defense-Cours gouf no der Ouschtervakanz vum Nordstad-Lycée, dem Lycée Classique de Diekirch, der Police Grand-Ducale an dem Self-Defense-Club vun der Police organiséiert.
Vum 16. Abrëll bis den 12. Mee 2026 hu sech d’Schüler all Dënschden nomëttes vu 15 bis 17 Auer mat verschiddene Self-Defense Techniken a Situatioune vum Alldag beschäftegt. Dobäi hunn si net nëmme geléiert, wéi een sech besser schütze kann, mee och Selbstvertrauen, Respekt an Teamgeescht gestäerkt.
D’Atmosphär war motivéierend a flott: vill Beweegung, vill Asaz an natierlech och vill Spaass stoungen um Programm. Trotz e puer ustrengend Momenter an engem klenge Muskelkater hunn all d’Schüler mat vill Begeeschterung matgemaach !
Als Ofschloss vum Projet kruten d’Schüler hire Certificat de Participation iwwerreecht – eng schéin Unerkennung fir hiren Engagement an hir Motivatioun 🏅
De Projet war fir jiddereen eng wäertvoll an interessant Erfarung, déi mir de kommende 7e-Schüler sécherlech recommandéieren. D’Fotoe schwätze natierlech fir sech 😊
E grousse Merci geet och un d’SePAS-Ekipp fir hir Begleedung an déi vill flott Fotoen!