Retour à tous les événements

Mission Nichtrauchen

D'Schüler vun der 7C hu gëschter eng exzellent 3. Plaz (vu 44 Klassen) beim Projet Mission Nichtrauchen vun der Fondation Cancer beluecht! 

Mission Nichtrauchen ass e Concours fir Schoulklassen, dee Jonker dozou motivéiere soll, net mat Fëmmen unzefänken oder domat opzehalen. All Mount maachen d’Klassen bei engem digitale Quiz iwwer d’Risike vum Fëmmen mat. Klassen, déi op mannst fënnef vun de sechs Quizzen ausfëllen, dierfen un enger grousser Ofschlossfeier deelhuelen, wou weider Punkte gesammelt kënne ginn. D’Haaptzil ass Preventioun géint den Tubak, besonnesch bei Jonker tëscht 11 a 14 Joer.

Précédent
Précédent
5 juin

LASEL Beachvolleyball

Suivant
Suivant
10 juin

Sprangpressioun zu Iechternach