Retour à tous les événements

Liesnuecht


An der Nuecht vu Freides de 9 Dezember op Samschdes de 10 Dezember konnten eis Schüler endlech nees un enger Liesnuecht am NOSL deelhuelen.

Dës Grujel-Liesnuecht war näischt fir Schüler mat schwaachen Nerven : Grujelgeschichten, Geeschter a Suspense stoungen hei um Programm.

Passend zum Thema konnten d’Schüler Bicher aus dem Horror- a Spukgenre liesen. Tëschent enge 40 Bicher op däitsch a franséisch konnten eis Liesraten sech hier passend Lektür auswielen.

Bei engem gemeinsamen Iesse gouf sech fir de restlechen Owend gestäerkt. E grousse MERCI op dëser Plaz, dem Här Arend an de Schüler vun der DP1ED1 fir hir lecker Spaghetti, déi si eis virbereet haten.

Um zweeten Deel vum Owend hunn sech d’Schüler wärend engem Rallye duerch d’Schoul op d’Sich no Geeschter an Dämone gemaach.

Zu spéiderer Stonn gouf et sech am Schlofquartéier vun der Bibliothéik gemittlech gemaach… en Horrorfilm huet d’Grujelstëmmung perfekt gemaach.

Am Ganzen hu 15 Schüler un dëser Grujel-Liesnuecht deelgeholl.

Précédent
Précédent
24 octobre

S-Team – Diplomiwwerreechung

Suivant
Suivant
28 janvier

Schoulfoire vun de Lycéeën aus der Nordstad