Retour à tous les événements

Krimi-Liesnuecht

Vu Freides den 8. Dezember op Samschdes de 9. Dezember konnten eis Schüler un enger Krimi-Liesnuecht an der Bibliothéik vum NOSL deelhuelen.

Passend zum Thema kruten d’Schüler fir d’alleréischt eng Kuerzgeschicht virgelies, bei där si hiert kriminalistescht Wëssen uwende konnten. Dono duerften si Bicher aus dem Krimi- a Thrillergenre liesen. Tëschent enge 50 Bicher op däitsch a franséisch konnten eis “Spürnasen” sech hier passend Lektür auswielen. Bei engem gemeinsamen Iessen gouf sech fir de restlechen Owend gestäerkt. E groussen MERCI op dëser Plaz, dem Här Arend fir d’Preparatioun vum Iessen. Um zweeten Deel vum Owend hunn d’Schüler un engem Rallye duerch d’Schoul deelgeholl, bei deem si als Kriminalagenten op London gereest sinn, fir no engem verschwonnene Journalist ze sichen. Zum Schluss vum Owend hunn d’Schüler sech et an der Bibliothéik gemittlech gemaach. De Film “Mord im Orient Express” huet de Krimi-Owend perfekt ofgeronnt.

Am Ganzen hu 15 Schüler un dëser Krimi-Liesnuecht deelgeholl. Si goufen encadréiert vun der Madame Weydert, dem Här Hoffmann an der Madame Pierrot.

Précédent
Précédent
6 novembre

Atelier zum Thema Mënscherechter

Suivant
Suivant
12 janvier

Scheckiwwerreechung un d’Stroossenengelen