Retour à tous les événements
Gëschter sinn d'Ambassadeurs de citoyenneté aus dem LTC an dem LBV an d'Optioun "Setz dech an" vun de GSO Klassen komm, fir de Schüler ze weise wéi si an hire Lycéeën aner Schüler ënnerstëtzen an zu engem angeneeme Schoulklima bäidroen.
Et ginn am Moment 120 Ambassadeurs zu Lëtzebuerg (Cellule d'ambassadeurs), verdeelt op e puer Lycéeën. Si gi forméiert am Kader vum Projet "École bientraitante" vum CePAS. Den Nordstad-Lycée ass säit dësem Schouljoer och Lycée Pilote an dësem Projet.