Retour à tous les événements

7C/6PF2: Europaconcert an der Philharmonie

E Freiden haten eis Schüler:innen aus de Klassen 7C an 6PF2 zesumme mat eiser Directrice Nadine Rassel an hiren Enseignanten d’Geleeënheet, beim éischten Europaconcert an der Philharmonie dobäi ze sinn. Et war en aussergewéinlechen Owend am Zeeche vun der Musek an dem europäesche Geescht.

Déi imposant Wierker vum Antonín Dvořák an Anton Bruckner hunn de Public op eng onvergiesslech musikalesch Rees matgeholl.

E ganz grousse Bravo geet un all d’Museker, d'Solisten an den impressionante Chouer! Besonnesch houfreg si mir op eisen Museksproff Antonio Grosu, deen dëse flotte Concert als Dirigent mat vill Passioun geleet huet. 

Précédent
Précédent
29 avril

2GT2S: Visite Naturmusée

Suivant
Suivant
8 mai

6/5PF2: Talent Check et Visite Roude Pëtz