Retour à tous les événements

Gedenken un déi éischt Deportatioun aus Lëtzebuerg

Gëschter gouf op der Stater Gare eng Commemoratioun ënnert dem Titel „Grenzenlos Gedenken“ ofgehalen. Erënnert gouf un 323 Judden déi viru 84 Joer mam éischten Deportatiounszuch vu Lëtzebuerg aus an de Ghetto Litzmannstadt (Lódz) bruecht goufen. Zu Tréier si weider 190 Leit an dësen Zuch gedrängt ginn. Männer, Fraen a Kanner, där hire Leidenswee mat dësem Transport eréischt ugefaangen huet. Nëmme 14 Mënschen hunn iwwerlieft.

Och Schüler vum Nordstad-Lycée hunn un dëser Zeremonie deelgeholl: Si hu Biographië vun den Affer virgelies, e Gedicht, dat vun Häftlingen aus dem Ghetto Theresienstadt komponéiert a gesonge gouf, virgedroen an eng Käerz fir d’Erënnerung ugefaangen. Si hu mat hirem Engagement och bewisen, wéi wichteg den Ëmgang mat der Vergaangenheet ass, fir ze verhënneren, dat sech d'Geschicht widderhëlt.

(Fotoën vun rtl ©Chris Meisch)

Weider Fotoën an de Reportage iwwert d’Zeremonie fannt dir hei op rtl.lu.

Précédent
Précédent
15 octobre

Don u portugiseschsproochege Bicher