Retour à tous les événements

Filmprojektioun «Made in Bangladesh»

Filmprojektioun «Made in Bangladesh» am Kader vun de «Fair Fashion Days» zu Dikrech

Den 19. Abrëll hunn d’Klasse 5P3 an 3e GSO zesumme mat dem Här Marson, der Mme Krux, Mme Moreira a Mme Majerus sech de Film « Made in Bangladesh » ugekuckt. Bei dësem Film ass et drëm gaang, bei de Jonken e Bewosstsinn ze schafe wouhier hiert Gezei kënnt an ënner wat fir enge Konditioune Leit musse schaffen, fir dës Moud, déi oft als « fast fashion » bezeechent gëtt, sou bëlleg wéi méiglech bei eis verkaaft ka ginn. Dës Aktivitéit fënnt am Kader vun der Bildung zur nohalteger Entwécklung statt, wat ee vun de Pilier’e vun den UNESCO-Schoulen ass.

Och sinn d’Schüler dono an d’Al Seeërei gaang fir do verschidde Verkafsstänn ze gesinn a Labele kennenzeléieren, déi an der Textilbranche täteg sinn an an der Produktiounschaîne d’Leit an de Planéit schützen a respektéieren an esou Méiglechkeete weisen a Perspektiven opmaachen, wéi Kleeder nohalteg, an alle Sënner vum Wuert kennen hiergestallt ginn.

Précédent
Précédent
23 mars

Relais pour la vie

Suivant
Suivant
30 avril

Schreifconcours 2024