Retour à tous les événements
Dëst Joer huet d’Police aus Dikrech eis Schüler*innen aus de 7e- a 6e-Klasse besicht, fir iwwer Drogen- a Gewaltpreventioun ze schwätzen.
De Projet huet vum 20. bis de 24. Oktober stattfonnt. D’Schüler*innen hu vill Interessantes geléiert an haten d’Méiglechkeet, Froen ze stellen 🤔, Erfarungen auszetauschen an iwwer wichteg Themen nozedenken 💭, déi si am Alldag betreffen.
Zesumme mat de Polizisten hunn si iwwer Risiken, Konsequenzen an Alternativen diskutéiert a konnten esou wichteg Ablécker an d’Thema kréien.
E grousse Merci 🙏 geet un de Claude Kirsch an de Marc Thomas fir hiert Engagement an déi flott Zesummenaarbecht!